Am Gespréich mat RTL an dem Radio 100,7 am Virfeld vun der Vereedegung vum Prënz Guillaume als Lieutenant-Représentant, hunn de Grand-Duc Henri an den Ierfgroussherzog net nëmmen Erklärungen ginn iwwert déi nei Missiounen vum zukünftege Staatschef an hir intern Aarbechtsopdeelung bis et dann zum Trounwiessel kënnt. Mä och Froen zu der Roll vun der Monarchie beäntwert a wéi een - dat ass dem Ierfgroussherzog Guillaume ganz wichteg -  Famill a berufflech Verflichtungen an enger moderner Monarchie ënnert een Hutt kréie kann. Datt e lo geschwënn méi Zäit fir déi Famill huet ass eppes wat de Grand-Duc Henri visiblement immens freet. Claude Zeimetz

08/10/2024 Podcast Royal Résumé 1- Claude Zeimetz