Këschte voll Kiischtekären, déi bei Ausgruewungen zu Mamer fonnt goufen, stellen d'Archeologen virun e Rätsel.
Sécher ass, d'Käre sinn eng 2000 Joer al an et sinn der enorm vill.
Et ass awer bei wäitem net déi eenzeg Decouverte déi an de leschte Joren zu Mamer gemaach gouf. Dir erënnert Iech villäicht un de Skelett vum Dromedar-Héngscht, deen an Ägypte gebuer ass an deem seng Schanken viru 7 Joer och zu Mamer am Vicus, also am réimeschen Duerf fonnt goufen.
D'Dany Rasqué war op d'Plaz kucken.

14/10/2024 Fouillen Mamer online DR