„Stopp. D‘Inklusioun huet hir Grenzen“
Dat seet e Slogan vun der Enseignantsgewerkschaft «SNE».
Effektiv bekloe sech d’Syndikater an eng ganz Partie Enseignanten, datt et schwiereg ginn ass, nach adequat Schoul ze halen, notamment wéinst Schüler mat spezifesche Besoinen.
Den Educatiounsminister Claude Meisch huet bei der Rentrée Annoncë gemaach, déi op Adaptatioune bei der Inclusioun hindeiten.
De Prinzip vun der Inclusioun däerf net a Fro gestallt ginn. Dat seet ënner anerem den Ombudsman fir d‘Rechter vum Kand.
De Pit Everling huet nogefrot.
08/07/2024 Inclusioun 12h15 Reportage Pit Everling
Am meeschte gelies