Bannen zwee Joer sinn Dépenses Générales vum Sport vun 41 Milliounen op 66 Milliounen Euro erop gaangen. Domat soll 2025 de Lëtzebuerger Sport weider gestäerkt ginn an un deenen richtegen Schrauwen gedréit ginn. De Sportminister Georges Mischo huet haut der Press géintiwwer erkläert wat seng Prioritéiten fir dat nächst Joer sinn. Et geet vun der Vereinfachung vun administrativen Saachen, iwwert déi ideal Notzung vun de Sportinfrastrukturen bis hin zu der Formatioun an Sensibiliséierung vun Sportler an Trainer, Jeff Kettenmeyer.

14/10/2024 Georges Mischo Sport 2025