"Den Aarbechtsminister huet eng Virstellung vu Sozialdialog, déi komplett laanscht d'Realitéit geet."

Dat huet den Deputéierte vun déi Lénk, de Marc Baum, gëschter no der parlamentarescher Aarbechtskommissioun ënnerstrach, wou den CSV Ressortminister Georges Mischo op d'Demande vun déi Lénk Explikatioune sollt ginn iwwert den Eclat déi lescht Woch am Comité permanent du travail et de l'emploi, kuerz CPTE.

D'Gewerkschaften haten d'Gespréicher iwwert en Aktiounsplang fir méi Kollektivverträg verlooss, well den Aarbechtsminister hinnen ee Verspriechen net wollt ginn, Dany Rasqué.


17/10/2024 ChamberComm Travail online DR