Well déi Kriminell sech belästegt fille vu besuergte Bierger, wëlle si vun der Justiz geschützt ginn. Wien ass do lo Täter? A wien ass Affer? 

Zu Honnerten dreiwe se an der bekannter italieenescher Stad hiert Onwiesen. An dobäi wëlle si net gestéiert ginn. Och net vun zivillen Aktivisten, déi sech zanter Joren dofir asetzen, dass d'Visiteure vu Venedeg besser informéiert a geschützt gi virun Ugrëffer.

D'Täschendéif vu Venedeg ginn awer géint déi zivil Garden op d'Barrikaden a fuerdere bessere Schutz vun den Autoritéiten. Dobäi gi se clever vir: Wann si bei enger Strofdot vun engem Member vun esou enger Garde erwëscht, gefilmt oder festgehale ginn, dréine si de Spiiss ëm, a verkloen d'Garde wéinst Stalking. Schonn e puer Aktiviste wiere bei der Police gemellt ginn, well si "ouni Grond" Täschendéif festgeholl a gefilmt haten.

Der Police no kann een näischt géint dëst onerhéiert Virgoe maachen. Enger Reform vum italieenesche Strofrecht no ass Täschendéifstall net grondsätzlech nozegoen. Dat gëtt eréischt de Fall, wann eng Persoun, där eppes geklaut gouf, den Déif mellt. An nëmme bei schwéiere Verbriechen dierfe Privatpersoune Verdächteger festhalen. Anerefalls dréit eng Strof wéinst Privation de liberté. A genee deen Detail am Gesetz notzen d'Täschendéif aus.

RTL

© Envato