USO: D’Sozialversécherungsministerin Martine Deprez wiert sech géint d’Virwërf vun de Gerwerkschaften OGBL an LCGB, datt si am Pensiounsdossier vu fir eran Virschléi fir eng Augmentatioun vun de Recetten ausschléisst. Dat wier net esou, sot si no enger Reunioun de Moien mat der zoustänneger Chamberkommissioun. Domat wees nach ëmmer keen, a wéieng Richtung d’Ministerin mat enger Pensiounsreform wëll goen. Just eent ass kloer: Mat der Staatsbeamtengewerkschaft CGFP wëll sech d’Koalitioun net uleeën. Michèle Sinner
16/10/2024 BAND Pensiounen 18H50
Am meeschte gelies