Däitschland, Frankräich, Italien, Spuenien, Tschechien a Polen wossten et scho méi laang, a rezent gouf Lëtzebuerg als siwent Land vun der Europäescher Unioun doriwwer informéiert, datt et ee kritt: Riets geet vun engem sougenannte Quantecomputer. Dës Maschinne rechne vill méi séier wéi "normal" Computeren a sollen et dem Grand-Duché erlaben, den Uschloss un eng vun deene vläicht wichtegsten Zukunftstechnologien net ze verpassen. Gefillt den Ufank vun enger neier Ära, Marc Hoscheid.

21/10/2024 BAND Quantecomputer 17h40 (online)

Op mannst kréien, wann een de Vertrieder vun der Lëtzebuerger Regierung, LuxProvide a verschiddenen EU-Agence gleewen dierf, déi de Projet vum Lëtzebuerger Quantecomputer de Moie presentéiert hunn. Am Géigesaz zu klassesche Computere schaffe Quantecomputeren net mat Bits, mee mat Qubits. Wärend ee Computer normalerweis mat Nullen an Eente rechent, gi Quantecomputere méi wäit. De Christian Pauly vum Wirtschaftsministère mat Erklärungen.

"Dee Quanteneffekt féiert dozou, datt een net Null an Eent rechent, mee datt een och déi Nuancen dertëscht huet. Mee dat Wichtegt ass, datt een déi eenzel Quibits matenee verbënnt, datt déi matenee schwätzen, well soss huet een net wierklech ee Virdeel. Réischt doduerch, datt een een Entanglement, eng Superpositioun vun deene Qubits hi kritt, féiert dat dozou, datt een eng exponentiell Erhéijung vun der Rechekapazitéit kritt. Dat heescht, all Kéier wann een ee Qubit derbäi setzt, erhéicht sech quasi d'Kapazitéit ëm dat Duebelt."

Fir unzefänken, gëtt mat zéng Qubits geschafft, innerhalb vun zwee Joer kann een awer op eng Kapazitéit vun 80 eropgoen. Och wann de Quantecomputer am Ufank just fir d'Fuerschung genotzt wäert ginn, kéint e spéider fir konkret Projete genotzt ginn. Dëst virun allem an de Beräicher FinTec, Gesondheet a Materialfuerschung. Ma och bei der Cybersecurity, wéi d'Digitaliséierungs- an Héichschoulministesch Stéphanie Obertin ënnersträicht.

"Quantecomputere wäerten an Zukunft nämlech sou séier rechnen, datt d'Verschlésselungsalgorithmen, déi bis ewell sécher geschéngt hunn, an Zukunft vu Quantecomputere wäerte kënne geknackt ginn, mat alle Konsequenzen, déi dat fir d'Cybersecurity wäert hunn huet. Gläichzäiteg kënne mer d'Quantecomputeren notzen, fir nei Verschlësselungsmethoden ze entwéckelen, déi am Sënn vun der Post-Quantum-Kryptographie rëm sécher sinn."

Déi siwe Quantecomputeren, déi et an der EU wäert ginn, notze verschidden Technologien. De Wirtschaftsminister Lex Delles iwwert de Lëtzebuerger Computer:

"Deen op Lëtzebuerg wäert kommen, ass een eemolegen also eenzegaartege Computer. Et ass nämlech deen éischten, dee siliziumbaséiert wäert funktionéieren. Dat huet Virdeeler, well et erlaabt eis, déi sécher Liwwerketten an der EU ze garantéieren. Obwuel et lauter verschidden Hardware sinn, also wéi e gebaut ass, geet et awer hei drëm, d'Software och kënnen ze beaarbechten, och mam Quantumcomputer kënnen ze schaffen."

Den neie Computer wäert vu LuxProvide exploitéiert ginn a kënnt an den nationale Kompetenzzenter vum Supercomputer MeluXina zu Biissen. De Quantecomputer kritt dann och den Numm MeluXina-Q. Datt Quantecomputere klassesch Maschinnen ënnerstëtzen, wier mat Bléck op déi Kënschtlech Intelligenz och wichteg, fir den Energieverbrauch a Grenzen ze halen, esou de Gustav Kalbe, den Direkter faisant fonction vun der europäescher Generaldirektion fir Kommunikationsnetzer, Contenuen an Technologien.

"Sie müssen sich bewusst sein, dass die großen Firmen, die diese massiven KI-Modelle entwickeln wollen, alle überlegen, eigene Kernkfraftwerke zu bauen, weil KI so energiehungrig ist. Wobei die Zusammenschaltung von einem Quantenrechner mit einem klassischen Rechner den Energieverbrauch exponentiell reduziert. Deswegen führt langfristig kein Weg an Quantenrechnern vorbei. Kein Rechenzentrum, das was auf sich hält, kann langfristig ohne Quantenrechner attraktiv sein."

De Lëtzebuerger Quantecomputer, passt an ee klengt Zëmmer a verbraucht sou vill Energie wéi 25 Eefamilljenhaiser. Fir datt e funktionéiert, muss en op Minus 273 Grad ofgekillt ginn. D'Käschte vum Computer belafe sech op 17 Milliounen Euro, déi sech de Lëtzebuerger Staat an d'EU deelen. E soll Mëtt d'nächst Joer geliwwert ginn an Enn dës Joers oder Ufank 2026 a Betrib geholl ginn.