Duerch de Klimawandel dierft d'Duerchschnëttstemperatur déi nächst Joren a Joerzéngten an d'Luucht goen. Dobäi kënnt zudeem d'Phänomen vun Hëtztwellen, déi ëmmer méi heefeg optriede kéinten. Dat trëfft besonnesch den urbane Raum, wou sech da sougenannt Hëtztinsele bilden. Virun deem Hannergrond hunn déi 11 Member-Gemenge vun der Minett UNESCO Biosphere viru knapp 2 Joer decidéiert, eng Stadklima-Analyse an Optrag ze ginn. Haut goufen d'Resultater presentéiert, de Marc Hoscheid war fir eis am Ellergronn dobäi.

22/10/2024 BAND PRO-SUD 17h40 (online)

Et kann ee vläicht bëssi iwwerraschen, datt d'Resultater vun enger Stadklima-Analyse matten an enger Natura2000-Schutzzone presentéiert ginn. Ma den Territoire vun deenen 11 PRO-SUD-Gemengen ëmfaasst nu eemol nieft den urbanen Zentren och Wisen a Bëscher an déi kënnen duerchaus een Impakt op d'Klima an den Uertschaften hunn. Mee dozou méi spéit. Fir d'éischt erkläert den Escher Buergermeeschter a PRO-SUD-President Christian Weis, firwat esou eng Etüde iwwerhaapt wichteg ass.

"Mir sinn awer an enger Zäit, dat muss ee sech bewosst sinn, wou op der Welt, an Europa, och hei am Land an och hei an eise Gemengen ëmmer rëm verschidde politesch Sproochkanäl oder verschidde Leit mengen, wéi wann een Ëmweltpolitik kéint trenne vu Fakten, vun Analysen, vun Etüden. A wann eelef Gemenge ganz kloer soen, zesumme mat der Regierung, mir maachen eng Klimapolitik, déi op Fakte baséiert, déi op Etüde baséiert, dann ass dat och ee klore Message."

Aus der Analyse, déi vun enger däitscher Firma an dem Luxembourg Institute of Science and Technology duerchgefouert gouf, geet ervir, datt den Temperaturënnerscheed tëscht dem urbanen an dem ländleche Raum deels bei méi wéi véier Grad läit. Fir ze verhënneren, datt an Zukunft sougenannt Hëtztinselen entstinn, wier d'Stréimung vu kale Loftmassen extrem wichteg. D'Stied sollten esou geplangt ginn, datt dës Loft am urbane Raum zirkuléiere kann. Ma och zousätzlech Gréng- a Waasserfläche kéinten zur Ofkillung bäidroen. Am Kader vun engem Interregprogramm ginn och zwee esou Projeten zu Lëtzebuerg realiséiert, wéi d'Direktesch vu PRO-SUD, Gaëlle Tavernier, erkläert.

"Il y a deux pilotes dans le cadre de ce projet interreg au Luxembourg. Un qui est coordonné par la ville d'Ettelbruck, qui déminéralise le parking de la foire agricole. Et un deuxième qui PRO-SUD va accompagner à Differdenge-centre où un mûre végétale de 100 mètres carrés va être installé sur l'école."

Den Experten no wäert d'Temperatur an der Südregioun bis d'Enn vum Joerhonnert op mannst ëm 1,8 bis 2,5 Grad klammen. Souguer wa vun elo u keng Emissioune méi ausgestouss géife ginn. Dat hätt och een Impakt op d'Quantitéit vum Reen, deen erofkënnt, esou den Dr. Jürgen Junk vum LIST.

"Wir sehen auch Verschiebungen in unseren Klimamodulierungen im Bereich der Niederschlagsverteilungen. Das heißt, die absolute Menge an Niederschlag bleibt gleich, wir haben eher kein Problem mit der Menge des Wassers, wir haben eher ein Verteilungsproblem, weil was zunehmen wird, sind die extremen Niederschläge. Das heißt, es wird immer mehr Niederschlag in kürzeren Zeitintervallen fallen, mit den verbundenen negativen Folgen wie Überschwemmungen und so weiter."

Dobäi wier Waasser an der Stad à priori eppes Positives.

"Wir müssen natürlich versuchen, Überschwemmungen in der Innenstadt zu vermeiden, natürlich, aber wir müssen auch Wasser in der Stadt zurückhalten. Denn wenn wir von Vegetation als kühlendes Element sprechen, dann muss die Vegetation auch genügend Wasser haben zum verdunsten, denn nur so kann sie kühlen. Denn eine vertrocknete Grasfläche ist ungefähr genauso effektiv wie ein asphaltierter Parkplatz."

De Jürgen Junk huet den Androck, datt d'Analyse bei der Politik op eng positiv Resonanz trëfft. Hie géing hoffen, datt hir Resultater bei der Rekonversioun vun Industriebroochen an Zukunft consideréiert ginn. Zum Beispill beim geplangte Quartier Metzeschmelz.