Vun den Europadeputéiert vun der CSV, der LSAP, der DP an déi Gréng gëtt et keen Applaus fir dem Fernand Kartheiser seng Aktioun e Méindeg den Owend an der Plenière.
 
Den ADR Europadeputéierten hat jo probéiert eng Ried op Lëtzebuergesch ze halen a sech gewënscht, datt seng Mammesprooch och am Europaparlament unerkannt gëtt.
Schliisslech hätten d'Grënner-Pappen Robert Schuman, Konrad Adenauer a Joseph Besch och schonn op Lëtzebuergesch iwwert d'Zukunft vun Europa diskutéiert.

Verschidden Europadeputéierten schwätzen vun enger Zirkusnummer, Dany Rasqué.

23/10/2024 Reaxen op Kartheiser fir 7h40 DR