Nach nie waren d’Mierer sou waarm. Nach ni war et weltäit esou waarm dobaussen ewéi dëst Joer. An dat hat seng Auswierkungen – quasi op der ganzer Welt. 2024 gëtt e Virgeschmaach op eng Welt mat enger dauerhafter Duerschnëttstemperatur vun 1,5 Grad iwwert dem Niveau vu virun der Industrialiséierung. Iwwerschwemmungen, Wierbelstierm an extreem Drëschent suergen dobäi fir Schied a Milliardenhéicht. Den Tim Morizet kuckt a sengem Joeresréckbléck op d’Klima an d’Wierder-Extreemer vum lëschte Joer zeréck.

06/01/2025 Band Klima Réckbléck 07h15 MORIZET