2025 steet virun der Dir. Ma de fréieren Ausseminister Jean Asselborn sot de Moien hei op RTL hie wier net den eenzegen, «deen e wéineg Angscht huet virun deem wat kënnt». Et misst een a sengen Ae kucke wéi et nom 20. Januar weidergeet, wann den Donald Trump fir d’zweet als US President vereedegt gëtt. Ma och iwwer Europa hu mir mam Jean Asselborn geschwat. D’Diana Hoffmann resuméiert.

31/12/2024 Jean Asselborn Invité 12h40 (Online)

Eis Nopeschlänner, Däitschland a Frankräich hunn aktuell keng wierklech operationell Regierung. Ze grouss Suergen iwwer Däitschland mécht de Jean Asselborn sech awer net, am Februar wieren do schliisslech Neiwalen, an d’AfD hätt keng Chance bundeswäit an d’Regierung ze kommen.
Wat mer méi Suerge mécht, dat ass effektiv a Frankräich. Dir gesitt, si hunn elo dee véierte Premierminister an engem Joer. Dir gesitt virun allem, dass Frankräich immens déif verschëllt ass. An dass een net gesäit, wéi se do sech erëm stabiliséiere kënnen. Also ech mengen et war eng ganz, ganz schläicht Iddi vum President Macron fir opzeléisen.

Déi méi strikt Linn, déi Däitschland awer a Sujete wéi Sécherheet a Migratioun fiert, wier eng aner, wéi déi wou een nach zesummen un engem Strang gezunn hätt.

Ech fannen et wierklech net gutt, wat gemaach gëtt an Däitschland, dass déi pro forma Kontrollen op de Grenzen, ech si gëschter nach an Däitschland gefuer, do gesäit een dann eng hallef Dose Polizisten an der Keelt do stoe, grimmeg dra kucken. A wéi sollen déi dann do verhënneren, dass wierklech Schleiser Leit an d'Land bréngen?

An der Migratiounspolitik géing Europa an déi falsch Richtung goen. Als Beispill nennt hien Holland, Éisträich an Däitschland. Ëmmer méi géing versicht ginn, deene Recht ze ginn, déi an all Asylant géingen en Terrorist gesinn, wat Schued wier, sou de Jean Asselborn.
Mir hunn den Zuch verpasst 2015, 2016, wou mer hätte kënnen eng europäesch Migratiounspolitik op d'Bee kréien. Deen Zuch ass fort. Ech hoffe just, dass ewer am Europaparlament, och an der Cour européenne de justice an awer och e wéineg, e wéineg an de Regierungen nach gekuckt gëtt, dass mer an Europa ewer eppes hunn, wat Mënscherechter heescht, an dass dat och respektéiert gëtt.

Op d’Fro, wéi een sech da kéint déi ëmmer méi grouss Popularitéit vu rietse Parteien erklären, verweist de feieren Ausseminister op e Gefill,wat hien zanter 2016 hätt.
An där Experienz no 2016, no dem Brexit an no der Wal vum Trump, hu vill Leit, och an Europa, eigentlech d' Repèrë verluer, dass se net méi richteg gesinn, wat ass richteg, wat ass falsch, wat ass Ligen, wat ass Wourecht, an doduerch ass immens vill an déi falsch Richtung gaangen.
Säi Wonsch wier dofir, dass d’Europäesch Unioun géing alles drusetzen, dass de Rechtsstaat, sou wéi mer e kënnen erhale géing bleiwen. An dofir misst ee streiden a sech asetzen, well et wier ausschlaggeebend fir d’Zukunft vun Europa.