Wéi steet d’Luxembourg Confederatioun, déi fréier Handelsfederatioun, zu méi laangen Ouvertureszäiten, an zu enger Erweiderung vun de Sonnestonnen. Doriwwer hu mir de Moie mam "Invité vun der Redaktioun", dem Direkter vun der Luxembourg Confederation, Tom Baumert geschwat. D’Diana Hoffmann resuméiert.

30/12/2024 Invité Tom Baumert 12h15 (Online)

D’Federatioun Vertrëtt 1.800 Betriber vu Service iwwer Commerce bis Transport. En allgemengt Bild vun der aktueller Situatioun ze ginn, wier dofir schwéier. D’Inflatioun wier awer erofgaangen, d’Energiekäschten net méi esou variabel an net méi op grad esou engem héijen Niveau wéi Enn Zejoert, erkläert den Tom Baumert.
Generell gesi mer dass e gewëssen Optimismus do ass fir d’Joer 2025. Wesentlech méi Optimismus, wéi dat virun engem Joer de Fall war.

Och d’Chrëschtdagsgeschäft wier dëst Joer am Allgemenge gutt verlaf. Weidere Sujet war dann d'Verlängerung vun den Ëffnungszäiten. Dës hält den Tom Baumert fir e Schratt an déi richteg Richtung. Et wier eng Unerkennung vun der aktueller Praxis.

75 bis 80 Prozent vun de Gemenge froen haut schonn Derogatiounen. Dat heescht Ausnamereegelungen. Déi kréien se och ëmmer. Dat heescht 80 Prozent vun de Gemengen hunn haut scho Sonndes méi laang wéi 1 Auer op an och méi laang wéi déi Stonnen, déi am Gesetz virgesi sinn. Do ass dat éischter fir eis eng Simplificatioun Administrative. Et muss een et also net méi ufroen.

D’Ouvertureszäiten ze Verlängere géing, besonnesch de klengen a mëttlere Betriber d’Méiglechkeet ginn, dann opzemaachen, wann d’Clientë kommen. Se kéinten opmaachen, missten dat awer net.
D'Ouvertureszäiten u Kollektivverträg ze banne gefält der Luxembourg Confederation dogéint awer net.
Mir fannen de Kollektivvertrag an deem hei Beräich fir Ëffnungszäiten ze reglementéieren einfach ze komplex. Dat ass eis Positioun. Mir fannen dat ass e komplext Outil. A wann een hei soss nëmme soll iwwer Ëffnungszäite schwätzen, ass dat schwiereg a laangwiereg, an net fir all Betrib méiglech.
Dass eng Verlängerung vun den Aarbechtszäiten zu engem Generalstreik kéint féiere fäert den Tom Baumert awer net. Sonndes méi wéi 4 Stonne kënnen ze schaffen, wier zum Beispill eng Demande vu ville Salariéeën, an et géing een wéi am Gesetz festgeschriwwe 70 Prozent méi verdéngen.