D'Joer geet op een Enn a bei de Medie profitéiert ee gären dovunner, fir ënnert verschiddene Bléckwénkelen op déi lescht 12 Méint zeréckzekucken. Nom Superwaljoer 2023 mat Gemengen- a Chamberwale stoungen dëst Joer "just" nach d'Europawalen um Programm. Ma och déi national Politik huet fir déi eng oder aner Schlagzeil gesuergt. Nieft Diskussiounen iwwert d'Heescheverbuet, eng Pensiounsreform an de Sozialdialog gouf et och deen een oder anere Skandal. Déi Concernéiert géingen dat zwar warscheinlech am léifsten hannert sech loossen, ma de Marc Hoscheid huet sech déi  Interessantst nach eng Kéier erausgekroopt.

30/12/2024 BAND Politskandaler 12h40 (online)

De Claude Meisch ass net nëmmen Educatiouns- mee gläichzäiteg och nach Logementsminister. Vill Responsabilitéit a vill Aarbecht fir eng Persoun. Do kann déi eng oder aner Taass Kaffi net schueden, wann een d'Taass dann net fale léisst oder vum Dësch geheit. Ma dat soll awer Ufank Januar an engem Stater Bistro  geschitt sinn, wéi de Claude Meisch sech privat mat enger héijer Beamtin aus dem Educatiounsministère getraff hat. Eng jonk Damm, déi zu deem Moment och am Bistro war, hat dono ëffentlech behaapt, et hätt ee Sträit ginn, eng Taass wier op de Buedem gefall an de Claude Meisch hätt gesot, hien hätt d'Fra geschloen a si hätt dat verdéngt gehat. Datt hien d'Fra kierperlech attackéiert huet, streit de Claude Meisch iwwerdeems of. Am Mee gouf hien am Background op den Tëschefall ugeschwat an huet dat heite geäntwert.

"Ech sinn zu Chouer mat mer gaangen, datt dat dote fir kee gutt war, datt dat dote vu menger politescher Aarbecht ofgelenkt huet an ech denken et ass och alles gesot a geschriwwen, vun alle Bedeelegten, y inclus vum Parquet, do derzou. An ech hu mech dono awer ganz schnell rëm op déi politesch Aarbecht konzentréiert."

Och wann de Premier Luc Frieden um Claude Meisch festgehalen huet, war et awer de Rappell, datt d'Membere vun der Regierung sech ëmmer exemplaresch ze behuelen hätten.

Exemplaresch war iwwerdeems och d'Behuele vum Claude Meisch sengem DP-Parteikolleeg Pim Knaff net. Den Escher Schäffen gouf nämlech wéinst Steierbedruch verurteelt. Ma well hien dat als Privatpersoun an net als Politiker gemaach hat, huet de Pim Knaff keng politesch Konsequenze gezunn. Hien huet sech am Géigendeel vill méi un der Aart a Weis gestouss, wéi déi Escher Oppositioun mat him ëmgaangen ass.

"Et ass een Essai ze probéieren, mäin Handelen ënnert eng Suspicion générale ze stellen. Dat sinn och déi Bemierkunge par Rapport zu frEsch, déi gemaach ginn, wou Amalgamme gemaach ginn. Wou probéiert gëtt, alles wat ech gemaach hunn, iergendwéi a Fro ze stellen an, wéi gesot, ënnert Suspicion générale ze setzen."

Zu Esch ass d'DP an enger Koalitioun mat der CSV an deene Gréngen. Wärend d'CSV sech dorobber beschränkt huet, drop ze verweisen, datt de Pim Knaff duerch d'Verurteelung net d'Recht verluer huet, ee politescht Mandat auszeüben, huet ee bei deene Grénge gemengt, wier ee vun hire Leit am Fall, dann hätt ee Konsequenze gezunn. Fir aus der Koalitioun auszetrieden, dofir war d'Roserei dann awer net grouss genuch.

Anescht beim Ben Polidori. Mol kee Joer nodeems hie fir d'Piraten an d'Chamber gewielt gi war, huet den Norddeputéierten de Piraten de Réck gedréint. Dobäi ass d'Bomm kuerz virun der Bilanspressekonferenz vun der politescher Sensibilitéit geplatzt, sou datt beim Iessen dono dat engt oder anert Glas Wäin méi wéi soss gedronk gouf. De Ben Polidori huet seng Decisioun domadder begrënnt, datt net jiddereen an der Partei dat liewe géing, dat no bausse gepriedegt gëtt.

"Ech sinn an dës Partei komm, haaptsächlech wéinst de Wäerter wou d'Partei huet, och haaptsächlech wéinst dem Här Clement. Deen awer verschidde Wäerter vertrëtt, no baussen, a wou ech lo wierklech dra war a matgeschafft hunn, hunn ech mech net méi an där Konstellatioun erëmfonnt, wéi ech mer dat erhoffen an ech konnt meng Wäerter net méi sou duerchsetzen, wéi ech mer dat vu vireran erwënscht hat."

Dem Ben Polidori säin Austrëtt war dobäi iwwerdeems just den Ufank vun engem Rousekrich tëscht dem Sven Clement a Marc Goergen, an deem sengem Verlaf een och alt mol méi skurril Saache gewuer gouf, dorënner dem Marc Goergen seng Preferenz fir Iessen aus dem McDonalds a wéi dacks e bei de Coiffer geet. Gaange si bis zum Schluss vum Joer eng ganz Partie Memberen, dorënner och eng Rëtsch Gemengeconseilleren. E puer vun hinnen hunn et dem Ben Polidori nogemaach a si bei d'LSAP gewiesselt.

Scho länger bei der LSAP ass de Lucien Lux. De fréiere Minister sëtzt mëttlerweil am Staatsrot. Schonn d'lescht Joer war hie vum Conseil d'État sanktionéiert ginn, well hien en Avis iwwert e Projet de Loi un den Entrepreneur Flavio Becca weidergereecht hat. Ma et sollt bis Oktober dëst Joer daueren, bis et zu enger Perquisitioun an de Raimlechkeete vum Staatsrot komm ass. Hannergrond ass ee Requisitoire vum Parquet wéinst méiglechem Abus de biens sociaux, Blanchiment a Violatioun vum Beruffsgeheimnis. Deemno wéi kéint déi Affär et also och d'nächst Joer an de Réckbléck packen.