D'Steierbarèmë ginn zum Deel un d'Inflatioun ugepasst sou dass jidderee manner Steiere bezuele wäert. Och d'Betriber musse vun nächstem Joer u manner Steiere bezuelen. Zousätzlech Erliichterunge komme fir Leit déi gutt verdéngen an aus dem Ausland heihi schaffe kommen, Beruffsufänger, d'Steierklass 1A an Elengerzéier. Den onqualifizéierte Mindestloun gëtt komplett steierfräi. Zousätzlech gëtt de Mindestloun op den 1. Januar ëm 2,6 Prozent gehéicht - beim onqualifizéierte Mindestloun géingen déi 2 Mesuren zu 77 Euro méi féieren, esou de CSV-Deputéierte Charel Weiler den 12. Dezember bei der Presentatioun vu sengem Rapport an der Chamber.
"77 Euro kléngt elo net no terribel vill. Fir déi eng ass et eng Tankfëllung, fir déi aner ass et eng Pizza mat der Famill, mee wann een dat Ganzt op ee Joer kuckt, sinn et iwwer 900 Euro méi Cash an der Täsch."
2025 ass dann d'Joer vun der Pensiounsdebatt. An de leschte Méint goufen divers interesséiert Gruppe consultéiert an och de Grand Public iwwert en Internetsite. D'CSV-Sozialministesch Martine Deprez hat deen de 4. Oktober virgestallt.
"Um Wee dohinner, fir méi nohalteg ze ginn, wëlle mer jiddweree mathuelen. Well de Sujet concernéiert eis alleguerten."
Am éischten Trimester vum nächste Joer dierft déi nächst Indextranche erfalen. Den 1. Januar fält de Gros vun den Energiehëllefen ewech, wat d'Inflatioun nees undreiwe wäert. Beim Stroum bleift d'Hallschent vun der Präishausse gedeckelt. Fir déi meeschte Stéit dierft de Stroum ronn 30 Prozent méi deier ginn. Well gläichzäiteg eng nei Tariffikatioun fir d'Reseauskäschten a Kraaft trëtt, kéint et fir eenzel Stéit awer nach méi deier ginn, esou de Statec-Direkter Tom Haas den 20. Dezember.
"Dat kann effektiv bis zu 50 % goen am Fall vun, wann een, ech do, deen een Elektroauto huet an ee begift dee séier lueden."
D'steierlech Avantagen am Wunnengsbau goufen da bis Juli 2025 verlängert, wéi de CSV-Premierminister Luc Frieden nom Regierungsrot op Niklosdag annoncéiert hat.
"Mir wëllen dee Schwong, dee mer elo Enn des Joers hunn, dee kënnt eventuell gebremst ginn um 31. Dezember, well net all Kredit konnt bis dohin accordéiert ginn oder net all Notaire konnt den Akt finaliséieren. Wëlle mer dat duerfir verlängeren?"
An der Grondschoul gëllt vun no Ouschteren un e Smartphone-Verbuet. D'Lycéeën hu bis no Péngschten Zäit fir Konzepter auszeschaffe fir den Handy ze reduzéieren, wéi den DP-Educatiounsminister den 12. September annoncéiert hat.
"Iergendwéi si mer momentan an der Situatioun, datt dat a scho Suerge muss maachen. Esou en exzessiven Handykonsum, och social Medie vu Kanner a vu Jonken an dat och an engem Alter schonn, deen eigentlech net méi gutt ass. An do muss och d' Schoul ëmdenken an d' Schoul muss sech kloer Reegele ginn."
Vum Fréijoer 2025 u kann een iwwerdeems mam Tram bis op de Findel fueren.