Op d’Fro, ob et bei de Psychologen eng Penurie gëtt, äntwert de Marc Stein, President vun der Société luxembourgeoise des psychologues, kuerz SLP, ganz kloer «JO». Hie war de Moien eisen RTL-Invité vun der Redaktioun. Et géingen den Ament net genuch Psychologen a Psychologe-Psychotherapeute ginn. D’Diana Hoffmann mam Resumé.

02/01/2025 Invité Marc Stein 12h15 (Online)

De Beruff vum Psycholog wier attraktiv, an et géingen och vill Leit e studéieren. Ma et wieren ëmmer nach net genuch Leit am Beruff, an e Problem deen dann dobäi kéim wier, dass de Beruff ëmmer nach net reglementéiert ass, erkläert de Marc Stein.

Duerch déi Penurie sinn och ganz vill Leit, deen et net gutt geet, déi am Fong och elo bei Leit ginn, déi sech Psychologen nennen, et awer net sinn. An dat ass ganz dramatesch. Mir kréien als, als SLP pro Joer zéng E -Maile vu Leit, déi bei esou enger Persoun wären an, wou egal wat gemaach ginn ass, an déi am Fong nach d' Nout vun deene Mënschen aus genotzt hunn. An dat ass eppes, wat mir immens dramatesch fannen.

Am Koalitiounsprogramm stéing, dass soll eng Reglementatioun kommen. Bis elo hätt een awer nach näischt vum Héichschoul- oder Gesondheetsministère héieren. Bei anere Beruffer aus dem Beräich géing dëst jo och klappe, wéi beim Psychotherapeut, wat eng Zousazausbildung vum Psycholog ass.

De Psychotherapeut, deen ass säit siwe Joer reglementéiert an e gëtt och säit engem Joer rembourséiert a wärend de Psycholog am Fong net geschützt ass. Mee dee Psychotherapeut ass geschützt an do geet dat och lo tiptop, do si lo keng Leit, déi sech nach Psychotherapeut kënnen nennen an awer net Psychotherapeut sinn.

Doduerch, dass de Psychologe, anescht wéi de Psychotherapeut net reglementéiert ass, wieren och déi Servicer, déi konventionéiert schaffen, deels iwwerlaascht, sou de Marc Stein, President vun der Société des psychologues.

Ganz oft braucht Der net eng Psychotherapie, well Der vläicht keng grouss Stéierung hutt, mee Dir brauch et am Fong, Dir geet bei klinesche Psychologen an Dir maacht do eng Consultatioun. An dat geet och oft duer, ech soe mol bei Liewensereeignisser vläicht, oder et geet Iech am Moment net schlecht. An dann si mer nach guer net bei enger Psychotherapie, déi eng vill méi laangwiereg, soen ech mol, Interventioun ass, déi och geziilt ass, wou mer scho wierklech scho vu psychesche Stéierunge schwätzen.

Dacks kéim et da vir, dass et sech géing ëm sougenannten Alldag Problemer handelen an net ëm eng psychesch Stéierung. Da gëtt d’Persoun weider bei de Psycholog oder Psychotherapeut geschéckt. De Marc Stein rifft och dozou op, dass ee soll hannerfroen, wéi grouss d’Problemer sinn.

Et soll een och net onbedéngt ëmmer direkt musse bei ee Psycholog. Et soll ee versiche mol fir d' éischt dat selwer oder mat sengem Ëmfeld ze reegelen. A wann d'Belaaschtung net erdrobar ass oder wann se zouhëlt oder se awer wierklech chronesch gëtt, da soll een am Fong soen, okay, lo ginn ech bei ee Spezialist.

An da wier deen do, fir dem Concernéierten ze hëllefen, seng Problemer ze leisen.