2019 ass et zu Schieren zu engem Wiessel um Poste vum Buergermeeschter komm. Den André Schmit hat demissionéiert an den haitege Kulturminister Eric Thill gouf zum deemools jéngste Gemengepapp vum Land. Datt den André Schmit sech zeréckgezunn hat, louch un engem Sträit mam Inneministère iwwert d'Fro, wéi verschidden Terrainen am Kader vum neie PAG klasséiert solle ginn. De fréiere Buergermeeschter a weider Persoune ware viru Geriicht gaangen a kruten elo a leschter Instanz op der Cour administrative Recht. De Marc Hoscheid mat den Detailer.

31/12/2024 BAND Affaire André Schmit 17h40 (online)