USO : Ze vill Ausnamen an Derogatiounen - dat ass eent vun den Argumenter, déi d’Regierung virbréngt, fir d’Erweiderung vun den Ouvertureszäiten am Commerce ze rechtfäerdegen. Hire Projet gesäit vir, datt den Handel an der Woch vu Moies fënnef bis owes zéng kann op maachen a Weekends vun Moies fënnef bis Owes siwen. Ma op et vill oder wéineg Derogatiounen sinn, doriwwer léisst sech diskutéieren a virun allem ass net gewosst, wéi vill se tatsächlech benotzt ginn. Michèle Sinner
03/01/2025 BAND Ouvertureszäiten 17H40
Am meeschte gelies