
© AFP
Den Dräikinnekskuch, wie kennt en net ? Traditionell ass dee gefëllt mat Mandelen a Marzipan. Wat déi mannst Leit awer wëssen, ass dass de Kuch op e Fest vun de Réimer soll zeréck goen.
De Kuch bedeit natierlech, datt direkt no de Feierdeeg an de Bäckereie direkt rëm ugerappt gëtt.
Dat wier net ëmmer ganz einfach, wéi de Jean-Marie Neuberg, Chef vu Jos & Jean-Marie, erkläert:
“Et ass et net Problem fir déi Woch d’Kuche rauszekréien, mee déi Woche virdrun hate mer och schonn e bësse Stress mat Chrëschtdag a Silvester. Do kënnt Dräikinneksdag heiansdo e bësse méi séier wéi erwaart. Do muss en sech an och déi ganz Equipe zesumme rappen an da kritt een dat gemaach.”
Den Dräikinnekskuch géing ëmmer méi beléift ginn.
De Luc Meyer, President vun der Fédération des Artisans:
“Et ass eppes wou ee Wäert héichhält an eng Traditioun weiderféiert, déi mir schonn als Kanner vermëttelt kruten an elo un eis Kanner weider vermëttelen. Mir stellen och eis d’Handwierk duer, well et e schéine Beruff ass an dem ee kreativ ka sinn an och mat anere Betriber kann zesumme schaffen. Haut hu jo och méi Betriber participéiert. Jiddereen huet eng aner Galette gemaach mat engem anere Goût. Herno ass dat wichtegst, dass Clientë frou sinn, e Laachen am Gesiicht hunn an sech un eppes kënnen erfreeën, dat hinne gutt geschmaacht huet.”
Den Dag ass awer och eng Méiglechkeet fir d’Handwierk vum Bäcker virzestellen an ze valoriséieren.
Virun allem kleng Betriber gëtt et ëmmer manner.