GIBBES: Eist Thema de Mëtteg ass den US-Milliardär Elon Musk. Dat awer net well seng Firma Space X alt erëm eng Rakéit lancéiert huet oder Tesla iergendwou eng Fabrick opmécht, ma well hien sech déi lescht Wochen ëmmer erëm an déi europäesch Politik probéiert anzemëschen. Bei mir am Studio ass elo d‘Maxime Gillen aus der News-Redaktioun. Gudde Mëtteg, Maxime. Et huet een d‘Gefill, esou lues sinn d‘Europäer zimmlech genervt vum Elon Musk.

07/01/2025 Musk mëscht sech an europäesch Politik an / Maxime Gillen