Vill Kritik de Moien vun der Associatioun « eran,eraus…an elo ? » am Kader vum Placement vu Mineuren am Prisong zu Schraasseg. « Mineuren gehéieren net an de Prisong! », déi Ausso gouf direkt e puer mol widderholl. Eng Ausso déi och ënnert anerem de Premier Luc Frieden virun 25 Joer a senger Funktioun als Justizminister gemaach huet. Ma zanterhier hätt sech näischt gedoen. Lëtzebuerg hätt komplett versot, an dat op Käschten vun de Kanner huet d’Associatioun betount. D'Claudia Kollwelter mat den Detailer a Reaktiounen vum Parquet an der Justizministesch:

08/01/2025 Mineuren am Prisong 17h40 - Rep. Claudia Kollwelter