„Et ass en extrem grausamen Familljendrama dee mat Virsiicht ze kommentéieren ass“. Dat sot den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher de Moien als Invité vun der Redaktioun iwwer de Virfall zu Esch op Neijoerschdag, wou zwee Hallefbridder vu 16 respektiv 15 Joer verdächtegt ginn, hire Papp respektiv Stéifpapp erstach ze hunn. An deem Kontext huet de Charel Schmit grondsätzlech a radikal Kriticken widderholl. Pierre Jans

10/01/2025 BAND Okaju Schmit -12.15- jans (INTERNET)