
Eng asbl vu Bieden an der Gemeng Ierpeldeng reegt sech op an zu Schous wiere sech d’Awunner géint Wandkraaft-Anlagen, déi Miersch a Lëntgen op d’Grenz mat der Gemeng Fëschbech setzt...d'Argumenter vu Schattenwurf, Infraschall a Kaméidi, deen een duerch d’Proximitéit an deemno vu wou de Wand bléist, kann héieren, veronsecheren dax d'Leit do, wou Eoliennen opgeriicht ginn oder sollen hi kommen. Et géife keng Reegelen, sou d’Kritik; firwat dierft no bei de Bësch gebaut ginn, a firwat net laanscht d’Autobunnen, wéi wierkt sech e Wandrad op Natur a Mënsch aus? D’Regierung hält sech mat Äntwerten op esou Froen zréck – an, MK, vertréischt dofir op en Energie-Dësch...
19/02/25 Reax Regierung Eoliennen 07H15 Band Kater
Am meeschte gelies