Zanter 50 Joer ass  SOS-Détresse aktiv a bitt anonym Telefon-Berodung an Online-Berodung u fir Leit, déi Problemer hunn oder an enger Liewenskrise sinn. Ronn 3700 Appellen huet den Déngscht d’lescht Joer entgéint geholl. D’Chargée de Direction Nadja Bretz war de Moien eis Invitée vun der Redaktioun. Déi ausgebilte Psychologin a Psychotherapeutin stellt fest, dass ëmmer méi Leit uruffe mat Suicide-Gedanken, Annick Goerens

19/02/2025 Resumé Invitée: Nadja Bretz / Reportage: Annick Goerens

SOS Détresse proposéiert och fir Plazen ze schafen, wou grad Jonker 20+ kéinten higoe fir mat anere Leit a Kontakt ze kommen. Fir eeler Leit géing et vill flott Offere ginn, wéi zum Beispill de Club Senior, déi och gutt genotzt ginn. Mee grad bei de Jonke gëtt et e Manktem, erkläert d’Chargé de direction vun SOS Détresse.