USA, Russland an Europa sinn den Ament an Diskussiounen, fir e Plang fir d’Zukunft vun der Ukrain ze entwéckelen. Op der Münchener Sécherheetskonferenz d’lescht Woch war kloer ginn, dass d’USA wéilt nei Weeër goen. Ouni Europa mat um Verhandlungsdësch. Antëscht héiert een, dass Europa natierlech soll zu engem méi spéiden Zäitpunkt dobäi kommen. An d’Ukrain? D’Diana Hoffmann ass bei mir am Studio fir iwwert d’Land ze schwätzen.

19/02/2025 Ukrain an Peace-Talks 12h15

Vun engem Entspanen vun der Situatioun an der Ukrain kann, wéi ee gesäit, och elo nach keng Rieds sinn. D’Bombardementer vu Russland gi weider. An och d’EU huet en neie Russland-Sanktiounspak decidéiert, deen e Méinde soll a Kraaft trieden.