An 3 Deeg gëtt bei eisen däitschen Nopere gewielt. Nodeems d’Diskussiounen iwwer Kooperatioune mat der  AfD an de leschte Wochen fir Turbulenze gesuergt hunn, huet bei de Sujeten d'Migratioun de Walkampf iwwer laang Strecken dominéiert. Wat ass vun dëser kuerzer mä hefteger Walcampagne an Däitschland zréckzebehalen? Eng Korrespondenz vum Claire Schmartz vu Berlin.

21/02/2025 Korrespondenz Berlin 12h15

Steet d'Brandmauer géintiwwer der AfD nach, jo oder nee? Dës Fro gouf an de leschte Woche vill diskutéiert. Den Kanzler Olaf Scholz huet an engem Sträitgespréich mat der Afd-Spëtzekandidatin Alice Weidel keen Zweiwel dru gelooss wou d'SPD steet.
„Es ist so, dass wir eine gute Tradition in Deutschland haben, die darin besteht, dass wir aus der Erfahrung des Nationalsozialismus die Lehre gezogen haben: Es gibt keine Zusammenarbeit mit den extremen Rechten.“ (Scholz)
„Diesen Vergleich finde ich skandalös und weise ihn für mich wie für die ganze Partei zurück.“ (Weidel)
Bedéngt duerch déi rezent Aussoe vun der US-Regierung, stoungen an de leschten Deeg natierlech besonnesch Froe vun der europäescher Sécherheetspolitik an de Krich an der Ukrain am Fokus. De Robert Habeck vun de Gréngen sot zur Roll vun Europa an der Weltpolitik.
„Ich kann nur hoffen, dass Amerika wieder versteht, dass wir stärker sind, wenn wir zusammenarbeiten. Aber wir dürfen keinesfalls vorsolchen Ansagen in den Staub werfen. Sonst geben wir auf, was uns stark macht und was uns ausmacht.“
Zukunftsorientéiert Froe wéi de Klimawiessel oder d'Wirtschaftslag an Däitschland a konkret Verbesserungsvirschléi hunn an den Debatte vun de leschte Woche vill manner Plaz ageholl wéi déi aktuellste sécherheetspolitesch Froen an international Krisen. Wat déi nächst Regierung hei wëlles huet, wäert vun der zukünfteger Koalitioun ofhänken. D'Union an Sozialdemokrate louchen am Walkampf dacks net op enger Linn. Zur Inflatioun sot den Friedrich Merz:
„Einer der wesentlichen Gründe für die stark gestiegenen Lebensmittelpreise ist die Energiepolitik dieser Bundesregierung. Die Verknappung der Energie ist eine Folge des russischen Angriffskriegs, aber fortgesetzt worden durch die chaotische Energiepolitik der Ampel (… und ich will ausdrücklich zusagen, dass unter meiner Führung nichts mehr stillgelegt wird, bevor wir konkrete Alternativen am Netz haben.)“.
An och d’Approchen am Ëmgang mat der Wirtschaftslag sinn ënnerschiddlech. Den Olaf Scholz an de Friedrich Merz nach emol.
„Und dann gibt es einen Unterschied, über den wir reden müssen. Ich möchte deutschen Unternehmen einen Bonus geben“ (Scholz)
„50.000 Unternehmen sind in der Zeit, in der sie [SPD] im Amt sind, in die Insolvenz gegangen. Das bekommen wir nicht mit so einem Bonus in den Griff.“ (Merz)

Et ass ze erkennen, dass am Moment scho taréiert gëtt, wat fir eng Koalitioune sech bilde kéinten. Wärend eng Zweeërkoalitioun, wéi z.B. tëscht CDU an SPD, am stabilste wier, gëtt aus hire Reien och net méi sou staark géint déi Gréng geschoss, déi e méiglechen drëtte Koalitiounspartner fir eng Majoritéit si kéinten. Aner Parteie wéi d’FDP oder dat neit BSW kämpfen nach mat der 5-%-Hürd an der Fro, ob se iwwerhaapt am Bundestag vertruede wäerte sinn.
D’Claire Schmartz fir RTL Radio vu Berlin.