Manner Zäit um Ecran verbréngen a méi an der realer Welt, dat ass de Message vum Educatiounsministère, den elo d’Campagne “Screen-Life-Balance” lancéiert huet. Etuden no hunn de Konsum vu Smartphones an Ecranen nämlech negativ Auswierkungen op déi physesch a mental Gesondheet vu Kanner a Jugendlechen. Dowéinst solle si d'Méiglechkeete kréien, sech wärend an no der Schoulzäit ze begéinen, ze beweegen, kreativ ze sinn an eppes ze erliewen, fir manner Zäit um Smartphone an de soziale Medien ze verbréngen. Chris Meisch

25/02/2025 BAND Screen-Life-Balance 7h15 ChrisMeisch (INTERNET)