Et gëtt quasi keen Dag ouni Neiegkeete vun der Trump Administratioun, iwwert déi an Europa net de Kapp gerëselt gëtt.

Zu de rezentsten Aussoen gehéieren déi, datt den ukrainesche President Selenskji en Diktator wier, datt d'USA Entschiedegungen vu Kiew fir den Asaz vu Waffe géife verlaangen an et fält ëmmer méi op, datt den Trump dem Putin säin Narrativ iwwerhëlt.

De fréiere Lëtzebuerger Premier an EU Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker staunt e bëssen iwwert déi Aussoen, mä hien hëlt se virun allem mat enger gudder Portioun Roserei op wéi en am RTL Interview mam Jeannot Ries sot.

D'Dany Rasqué resuméiert.

26/02/2025 Juncker fir 7h15 DR