Déi consultativ Mënscherechtskommissioun kritiséiert d’Lëtzebuerger Regierung schaarf fir hir Decisioun den Accès an d’Wanteraktioun um Findel ze limitéieren. Wéi d’Noutstruktur am November zejoert nees hir Diere fir sechs Méint opgemaach huet, hat den DP-Familljeminister Max Hahn annoncéiert, datt Beneficiairen déi net op d'mannst zanter dräi Méint am Land sinn, d’Noutstruktur mussen no dräi Deeg verloossen. D’CCDH fuerdert an engem Schreiwes, dee Critère fir déi nächst Wanteraktioun nees ofzeschafen, Marlène Clement.  

25/02/2025 BAND Wanteraktioun Kritik CCDH 12h15