
En Abléck an d‘Beruffswelt an den éischte Kontakt mat Patronen aus verschiddenen Entreprisen, krute gëscht am Mariendall eng 50 Jonker aus dem Mamer Lycée Josy Barthel. Zil ass et d'Schüler op hirem Wee an d'Aarbechtswelt ze begleeden, andeems si verschidden Acteuren aus der Beruffswelt kenneléieren, déi hinnen ënnerschiddlech Jobs virstellen an konkret Hëllefsstellunge kënne ginn, ënner anerem wéi si sech op en zukünftegt Virstellungsgespréich optimal virbereede kënnen.
De Chris Meisch war am Mariendall dobai…
26/02/2025 BAND Mamer Lycée Beruffs-Orientatioun 7h40 ChrisMeisch (INTERNET)
Am meeschte gelies