Mir si schockéiert, datt Lëtzebuerg eng europäesch Resolutioun blockéiert, déi drop aus fir d’Situatioun am Osten vum Kongo ze berouegen, sou heescht et vum Lëtzebuerger Cercle de Coopération. De Grand-Duché steet domat iwwregens ganz eleng do. D’Annick Goerens mat den Detailer

25/02/2025 Bettel Ruanda-Sanktiounen / Reportage: Annick Goerens

An de leschte Woche sinn am Osten vum Kongo op d’mannst 7000 Leit bei schwéiere Kämpf ëm d’Liewe komm. Knapp dräi Millioune Leit goufen aus de Konfliktgebidder ronderëm Goma verdriwwen, wou d’Rebelle-Miliz M23 d’Soen huet. De Kongo reprochéiert dem Nopeschland Ruanda, d'Miliz ze ënnerstëtzen. Gëschter hunn d’EU-Ausseministeren dofir zu Bréissel ënner anerem iwwer e Sanktiounspak géint Offizéier aus dem Ruanda a Memberen vun der Rebellengruppéierung M23 diskutéiert. De Grand-Duché huet als eenzege Memberstaat dës Sanktiounen blockéiert. De Xavier Bettel erkläert de Moien virun der auslännescher Presse firwat.
“Ech sinn wierklech komplett fir Sanktioune géint d’M23-Miliz, mir kënnen déi och schonn huelen, dat hunn ech och gesot. Mä dës Woch lafen Negociatiounen tëscht den afrikaneschen Ausseministeren. An ech denken, dass et wichteg ass, iert mer Sanktioune géint den Ruanda huelen, dass mer d’Resultat vun do ofwaarden déi nächst 3-4 Deeg fir ze kucken ob dat an déi richteg Richtung geet. Ech betounen awer, dass mir d’accord sinn, dass nei Sanktioune sollen geholl ginn.”

Lëtzebuerg huet sech mat dëser Positioun op EU-Niveau komplett isoléiert. Dat suergt fir net vill Versteesdemech beim Lëtzebuerger Cercle des ONG. De Responsabel fir de Plaidoyer politique Sebastian Weier.
“Mir sinn natierlech engersäits schockéiert, dass Lëtzebuerg eng europäesch Resolutioun blockéiert, déi drop ofzilt fir do ënnen d’Situatioun ze berouegen. Anerersäits musse mer soen, dass mer och net ganz iwwerrascht sinn, well eréischt lescht Woch an der Chamber, am Debat iwwer Kooperatiounspolitik, ass iwwer de Ruanda geschwat ginn. An schonn do hat de Minister Bettel ganz staark Problemer eng kloer Positioun ze bezéien an huet sech ganz staark dogéint gewiert, dass Lëtzebuerg eng staark Positioun géint d’Amëschung vum Ruanda am Kongo huet. Hien huet souguer bëssen insinuéiert, dass de Kongo mat responsabel wär. Dat war deemools schonn inakzeptabel. Dat bleift inakzeptabel.”

D'Provënz Nord-Kivu gëllt als besonnesch räich un seelene Ressourcen. Dofir gëtt och hei am Land haart d’Fro gestallt, notamment vun déi Lénk an vum Pirat Sven Clement, ob dëse Lëtzebuerger Blockage net och dorun kéint leien, dass de Grand-Duché wirtschaftlech Interêten am Ruanda huet. Nach eemol den Sebastian Weier vum Cercle de Coopération.
“Mir kënnen doriwwer just spekuléieren. Mee wat mir feststellen, ass, dass Lëtzebuerg effektiv ekonomesch Interêten am Ruanda huet. Zum Beispill schafft d’Lëtzebuerger Finanzplaz-Bourse mat der Bourse zu Kigali zesummen. Et ginn och aner Lëtzebuergesch Entreprisen, déi aktiv sinn sur place. Dat heescht, do ginn et schonn zanter Jore ganz konkret wirtschaftlech Bezéiungen, déi ëmmer weider verdéift ginn. An indirekt profitéiert natierlech och Lëtzebuerg dovun, wann de Ruanda illegal seele Mineralien ausbeut an déi dann op de Weltmarché geheit.”

De Cercle de Coopération fuerdert, dass humanitär Interessien iwwerall op der Welt geschützt ginn. Dass Lëtzebuerg elo en Acteur gëtt, deen dat och nach verhënnert, wier net acceptabel.

Iwwregens fuerdert och eng rezent UNO-Resolutioun de Ruanda op, fir mat dëser Rebellen-Offensiv opzehalen an déi eegen Truppen aus dem Oste vum Kongo zeréckzezéien.