D’Associatioun vun de Lëtzebuerger Gynekologen (SLGO) begréisst datt d'Virginitéitszertifikater an d'Hyménoplastie, also d’Reconstructioun vum sougenannten «Jungfernhäutchen», solle verbuede ginn. Dat sot hire President a Gynekolog Pit Duschinger op Nofro hin. D’lescht Woch gouf iwwer een entspriechende Gesetzesprojet an der Santés-Chamberkommissioun diskutéiert. Dee gesäit awer och vir, datt déi obligatoresch Bedenkzäit vun dräi Deeg virun enger Ofdreiwung soll ofgeschaf ginn. Do fält d’Reaktioun vun de Lëtzebuerger Gynekologen awer méi gemëscht aus, Marlène Clement.

17/03/2025 BAND Virginitéitszertifikat an IVG - Duschinger - 07h40