Grousst Freedefeier haut um leschten Dag vun der Schueberfouer
E Mëttwoch geet d'Schueberfouer no 20 Deeg op en Enn, dat traditionell mat engem Freedefeier um 22 Auer.
Fir déi, déi net kënnen do sinn: d'Freedefeier fir den Ofschloss vun der Schueberfouer weise mir op dëser Plaz am Livestream. Bis 20 Auer den Owend kann een awer nach vum hallwe Präis op den Attraktioune profitéieren.
Nom ville Reen e Méindeg den Owend an en Dënschdeg ass d'Meteo um Mëttwoch nees méi variabel. Wéi Kachelmannwetter mellt, ass owes nach ëmmer mat engem liichte Schauerrisiko ze rechnen. Eventuell kann een awer och ouni naass ze ginn derduerch kommen.
Déi 685. Editioun vum Schueberfouer huet och dëst Joer erëm eng ronn 2 Millioune Visiteuren ugezunn an 213 Foraine goufen ugeholl. Ënnert de Spiller ware sechs neier dobäi, dorënner eng grouss Achterbunn, an och fënnef Restauranten haten hier Première um Glacis.