Den SEW moolt fir d'Rentrée en däischtert Bild vun der Situatioun an de Schoulen

© Marc Hoscheid / RTL
De Méindeg geet mat der Rentrée am Fondamental fir méi wéi 60.000 Schüler a ronn 6.500 Enseignanten nees den Eescht vum Liewen un.
Virun deem Hannergrond huet de Syndikat fir Erzéiung a Wëssenschaft vum OGBL (SEW) en Dënschdeg seng Revendicatioune fir dat neit Schouljoer presentéiert:
"Et geet dem Léierpersonal net gutt". Mat deem Constat huet d'Pressekonferenz vum SEW ugefaangen. Ze mann Ressourcen, ee Formalismus, deen net an déi richteg Richtung féiert a Gouvernanceproblemer an eenzelen Direktioune wieren e puer vun de Grënn. Och d'Inclusioun vu Kanner mat spezifesche Besoinen, déi zwar gutt gemengt awer schlecht ëmgesat wier, géing d'Léierpersonal belaaschten. Besonnesch ugespaant wier d'Situatioun am Cycle 1, esou d'Joëlle Damé, Responsabel fir de Fondamental beim SEW:
"Well hei d'Kanner mat Fërderbedarf nach gréisstendeels ouni Diagnos respektiv ouni Hëllefsstellung sinn. Dobäi ginn d'Erausfuerderungen am Cycle 1 ëmmer méi grouss, zum Beispill sinn ëmmer méi Kanner net propper, wa se an d'Schoul kommen oder verhalensopfälleg."
Dowéinst plädéiert ee bei der Gewerkschaft dofir, datt am Cycle 1 an Zukunft ëmmer zwee Enseignanten an enger Klass solle present sinn.
Ee weidere Punkt, deen ee beim SEW kritesch gesäit, ass d'Alphabetiséierung op Franséisch. Am Fong wier d'Iddi net schlecht, ma de Projet Alpha géing ze séier an ouni déi néideg Ressourcen ëmgesat ginn. Mee onofhängeg dovunner wier de Projet net dat Wonnermëttel, als dat e verkaaft géing ginn, well e just fir ee klengen Deel vun de Schüler eng Plus-value duerstelle géing:
"An zwar fir franko- oder lusophone Kanner mat engem mëttlere bis héije sozioekonomesche Status. Fir déi allerschwächste Kanner, nämlech déi mat engem niddrege sozioekonomesche Status oder mat Entwécklungsretarden ass d'Alphabetiséierung op Franséisch net d'Léisung."
De Projet géing dann och dozou féieren, datt manner Ressourcë fir Kanner mat Léierschwieregkeeten zur Verfügung stinn:
"Schonn haut ass et sou, datt mer zum Deel de Cours d'Appui oder den Appui pédagogique benotzen, fir verhalensopfälleg Kanner ze ënnerstëtzen, well verschidde Klasse funktionéieren net, wann do grad een ofrappt. Dat heescht do gi scho Ressourcen ewechgeholl. Beim Projet Alpha gëtt elo scho gesot, datt deemno wéi den Appui pédagogique, deen all Enseignant ze halen huet, déi annerhallef Stonn, deemno wéi muss convertéiert ginn an Enseignement direct, fir datt mer iwwerhaapt nach eng Schoulorganisatioun a verschiddene Schoulen op d'Bee gestallt kréien. Wann der nämlech zwou kleng parallel Gruppe lafen huet, braucht der méi Ressourcen."
Et wier vill méi effikass, wann Däitsch als Friemsprooch enseignéiert géing ginn, dofir bräicht een nämlech keng zousätzlech Enseignanten, mee et misst ee just dat pedagogescht Material upassen. Beim SEW bedauert een dann och, datt guer net iwwerluecht géing ginn, wéi een Impakt Alpha op de Secondaire wäert hunn.