Zanter Jore suergt de Mëssbrauch vun der Spionagesoftware “Pegasus” fir ferme Kritik. Aktivisten, Journalisten, Affekoten a souguer politesch Mandatairë goufen a ginn nach ëmmer domat iwwerwaacht. Brisanten Detail: déi israeelesch Entreprise NSO déi dës Software verkeeft huet 9 Lëtzebuerger Holdingen (oder Société de participations financières) hei am Land um Kierchbierg. An eng Rei Mënscherechtsorganisatioune fuerderen endlech eng Reaktioun vun der Regierung, Annick Goerens

17/03/2025 Spionagesoftware Pegasus 17h40 -goerens- RADIO

Amnesty International, d’Initiative pour un devoir de vigilance an de Comité pour une paix juste au Proche-Orient CPJPO fuerderen dass d’Lëtzebuerger Regierung endlech aktiv gëtt. Wei 2019 kloer ginn war, dass déi saudesch Autoritéiten d’Déngschter vun der NSO benotzt hu fir de Journalist Jamal Khashoggi kuerz virun dem senger Ermordung auszespionéieren, hat den deemolegen Ausseminister Jean Asselborn e Bréif geschriwwen, erkläert de Jean-Louis Zeien vun der Initiative pour un devoir de vigilance.  

“Dat weist wéi aarmséileg d’Politik do ass. An vläicht wëll se och näischt maachen. E Bréif schreiwen? Majo, do fält een awer ëm vu Begeeschterung. E Bréif schreiwen dat geet als Arsenal, wann een d’Demokratie wëll verdeedegen, als Moyen wann ee wëll dofir suergen dass keng Mënscherechtsverletzunge geschéien, da geet dat definitiv net duer.”

Stand Mäerz 2025 wier nach ëmmer näischt ënnerholl gi fir géint dës Entreprisen hei am Land virzegoen, obwuel et mëttlerweil e ganz konkrete Fall a Spuenie gëtt, wou d’Firma NSO viru Geriicht wäert stoe.
 “Wou eng Organisatioun aus Spuenien nogewisen huet, dass eben och déi selwecht Leit déi an Israel sinn an déi do di Firma [NSO] bedreiwen, identesch si mat deene Leit déi hei zu Lëtzebuerg am Verwaltungsrot dra sinn. An fir d’éischte Kéier elo e Geriichtsfall wäert entstoe wou och déi Lëtzebuerger Autoritéite wäerten interpelléiert ginn.”
 
Dofir sinn d’Revendicatioune vun de Mënscherechtsorganisatiounen un d’Lëtzebuerger Regierung ganz kloer.
“Mir hunn e Plan national am Beräich Mënscherechter a Business opgestallt. Do steet op der Säit 17 onmëssverständlech dran, dass och den do Secteur vu Cybertechnologie, well mir schwätzen hei vun ausspionéieren, och als een “Héich-Risiko-Secteur” ugesi gëtt. Dass mer déi musse responsabiliséieren. An dat geet nëmme wa mer bei enger zukünfteger Legislatioun hei zu Lëtzebuerg aféieren, dass esou eng Entreprisen een “Héich-Risiko-Secteur” duerstellen.”
 
Et wier och ganz evident, dass esou eng Legislatioun an een EU-Liwwerkettengesetz  iwwer den Devoir de vigilance am Beräich Mënscherechter, Klima an Environnement dragehéiert. D’Gesetz vun 2018 misst dann och op de Leescht geholl gi wat d’Export-Autorisatiounen ubelaangt, fuerdert de Jean-Louis Zeien.

Hei am Land géing et och un enger Kontroll- a Surveillance-Autoritéit feelen. Esou eng bräicht et awer fir d’Entreprisen déi ënnert dëst Gesetz falen ze kontrolléieren. Fir ze kucken ob se sech un hir Suergfaltsflicht an hir Mënscherecht-Obligatiounen halen. An am Fall wou se dat net maachen, dass se dann och kënne sanktionéiert ginn.