
All Joers ginn zu Lëtzebuerg 2 Jugend-Delegéiert erausgesicht fir d’Besoinen an d’Interesse vun deene Jonken zu Lëtzebuerg bei de Vereenten Natiounen zu New York ze vertrieden. Am Kader vum UN Youth Delegate Programme kommen dann aus all Memberstaat vun der UN am Oktober d’Jugendvertrieder beieneen, fir iwwert déi Sujeten ze diskutéieren, déi déi Jonk beschäftegen. An deene leschten 12 Méint war et ënnert anerem um Georg, fir deen eng opreegend Zäit op en Enn geet. Céline Eischen…
De Jonken zu Lëtzebuerg nolauschteren an hier Stëmm um internationale Parquet vertrieden: Dat ass nach bis Enn Mäerz d’Missioun vum Georg. Hie war nämlech elo fir 1 Joer zesumme mat senger Kolleegin Laura UN Jugend-Delegéierten. Eng Aufgab déi him um Häerze läit:
Et war mir schonn ëmmer wichteg fir meng Matmënsche Verantwortung ze iwwerhuelen. An ech hunn et eben als grouss Chance gesinn op engem globalen Niveau de Jugendleche vu Lëtzebuerg eng Stemm ze ginn.
D’Missioun vum UN Jugend-Delegéierten dauert genee ee Joer. An enger éischter Consultatiounsphase geet et drëms, sech fir d’éischt e Bild vun de Besoinen a Suerge vun deene Jonken ze maachen:
An do geet et dreems, dass een dann am ganze Land ronderëm reest a bëssen a Schoule geet a Jugendhaiser an do mat jonke Leit schwätzt a probéiert e bëssen erauszefanne wat sinn da grad déi Suergen, wat sinn d’Hoffnunge vun de Leit, Preoccupatiounen a Propositiounen awer och.
Mat deenen Andréck geet et dann op grouss Rees op New York, wou een da wärend enger Woch an d’Welt vun der Diplomatie andauche kann. Zesumme mat anere Jugend-Delegéierten aus de verschiddene Länner kënnt een an der UN zesumme fir iwwert déi Saachen ze diskutéieren, déi déi Jonk beschäftegen. An Zäiten an deenen déi international Kooperatioun net méi esou selbstverständlech ass, huet dës Experienz dem Georg awer Hoffnung ginn:
Also wat mir mega Hoffnung ginn huet, ass och déi Zesummenaarbecht mat Jugenddelegéierten aus ganz vill verschiddenen Länner. Mir haten zum Beispill zu New York mat 50 Jugend-Delegéierten aus der ganzer Welt eng Deklaratioun geschriwwen.
Déi politesch Decideuren vun haut misste genee dës Kooperatioun erhalen. Dowéinst ass et och dem Georg no esou wichteg, déi nächst Generatioun mat anzebannen:
Lauschtert net nëmmen no fir eng Foto op de soziale Medien ze posten, mä lauschtert no fir dat wierklech an är Aarbecht och mat ze integréieren. Well mir musse vun enger Participatioun vun de Jugendlechen op eng Integratioun vun de Jugendlechen an dëse Prozesser kommen.
Dëst wier virun allem wichteg fir dass et eben net just beim Nolauschtere bleift, mee fir dass déi Jonk aktiv an der politescher Aarbecht mat maache kennen.
Déi nächst Jugend-Delegéiert stinn dann och schonn an de Startlächer fir hier Chargë vum Abrëll un opzehuelen. Méi Informatiounen zum Programm fënnt een op jugendrot.lu