De Lycée technique pour professions de santé LTPS huet net nëmmen en neien Numm. Zanter der Rentrée gëtt en Deel vun de Jonke vun der  "Ecole Nationale de la Santé" och an engem neie Gebai zu Stroossen ënnerriicht. Haut war déi offiziell Aweiung vum neie Site. Emmanuelle SCHMIT

21/03/2025 ENSA / Reportage : Emmanuelle Schmit

D’Gebai ass a 4 verschidde Bléck ënnerdeelt, déi zesummen de Buschtaf E erginn, een Indice op Ecole. Nieft den normale Klassesäll, stinn de Schüler a Schülerinne spezialiséiert Raim zur Dispositioun, wéi zum Beispill, eng Salle de Radiologie, eng Salle de Pharmacie, oder Simulatiounssäll. Mat Hëllef vu Virtual Reality (VR) kënnen d’Schüler realistesch a komplex medezinesch Situatiounen duerchspillen – ganz ouni Risiko fir d’Patienten. An de Sport gëtt och grouss geschriwwen de Grond hannendrun ass, dass een an de Gesondheetsberuffer fit an op zack muss sinn.

D’Maly Goedert, Direktesch vun der Schoul zu Stroossen erkläert, wat fir eng Professiounen hei ausgebilt ginn :
« Mir hunn nach ëmmer all déi Formatiounen, déi mer haten: onsen Infirmier, onsen Aide-Soignant, ons Assistance e pharmacie. Mir hunn am Moment och nach d’Hiewanen hei, an den ATM Radio, déi sollen awer ab dem nächste Joer op d’Uni goen. Mir hunn natierlech Projete fir nei Formatioune, zum Beispill am BTS, wéi e Préparateur pharmaceutique oder en Technologe en Biomédicale, dat sinn alles Saachen, wou mer amgaange sinn ze prospektéieren, Besoinen do sinn, a fir dann eng Kéier an deem Sënn akkreditéiert ze ginn. An dann hu mir och ee Projet, dee mer ganz flott géife fannen, wann et nach ee Beruff tëschent dem Aide-Soignant an der Infirmière wier, um Niveau vum Technicien. »
 
Am neie Gebai sinn och e puer extra grouss Lifter, fir dass e Krankebett rapasst, fir dass d’Schüler a Schülerinnen och dat trainéiere kënnen. An et gëtt e Studentenheem um Campus, d'Villa Flo, als Hommage un déi bekannte brittesch Infirmière Florence Nightingale mat am ganzen 49 Kummeren. Parallel zu der ENSA, bilt d'Uni Lëtzebuerg neierdéngs Infirmièren op Bachelor-Niveau aus. Den Educatiounsminister Claude Meisch erkläert, wéi een déi 2 matenee verbanne kann:
 « Et ass esou, dass mer mëttlerweil och op der UNI.LU Bachelor Infirmieren ausbilden, déi kënnen herno och hei enseignéieren, sou dass ech fest dru gleewen, dass mer déi Verbindung, déi mer brauchen tëschent deene Leit, déi an de Strukturen, an de Spideeler schaffen, respektiv do och eng Beruffserfarung gemaach hunn, an deem wat mer herno hei ausbilden. Ass dat jo herno ganz enk zesumme muss wuessen, mir rechnen och mat flotte Sénerigien hei tëschent der Ecole Nationale de la Santé, an der UNI.LU, fir eigentlech wou jidderee seng Stäerkten dran huet, an d’ENSA huet eng breet Erfarung an de Gesondheetsberuffer, dass mer déi kënne stäerken an domadder eigentlech gutt genuch opgestallt si fir méi Jonker zu engem Gesondheetsberuff ze féieren. »
 
D’ENSA deelt sech de Campus mat dem Logopediezenter.

Nieft Stroossen, huet d'Ecole Nationale de Santé och Schoulen zu Käerjeng an Ettelbréck.