D’Chamber diskutéiert zanter de Moien iwwert déi laangfristeg Finanzéierung vum Pensiounssystem. Dës Consultatiounsdebatte ass Deel vum grousse Prozess, deen d’Sozialversécherungsministerin Martine Deprez ugestiwwelt hat. Dat fir e breede gesellschaftleche Konsens hierzestellen, en Vue vun enger méiglecher Pensiounsreform. An der Chamber ass fir eis d’Michèle Sinner. Huet d’Martine Deprez dann elo gesot, wéi d’Regierung d’Pensiounen wëll reforméieren?
19/03/2025 Pensiounsdebatten an der Chamber
Den Debat geet de Mëtten an der Chamber virun.
Am meeschte gelies