Fir d’éischt koum Corona, dunn d’Inflatioun. 
An der Restauratioun sinn d’Käschten explodéiert. 
De Secteur fënnt ëmmer manner gutt Personal 
an d’Gewunnechte vum Client hunn och geännert. 
“Een huele goen” geschitt ëmmer manner  a wann ee muss spuere, 
dann och beim Besuch am Restaurant.
Mat all deem  muss den Horeca-Secteur eens ginn. 
Et wéilt een net alles schwaarz molen, sot de President vun der Horesca, den Alain Rix, am RTL-Interview. 
Mä déi richteg gutt Zäite fir d’Restauratioun si warscheinlech passé, 
Carine Lemmer...

26/03/2025 Resumé Invité Alain Rix - online -