
Lëtzebuerg ënnerhält mat der Volleksrepublik China enk wirtschaftlech Relatiounen. Dat gesäit ee schonn eleng dorunner, datt siwe vun de gréisste chineesesche Banken hier Europa-Geschäfter iwwert de Grand-Duché ofwéckelen. Wéi déi allermeeschte Länner op der Welt erkennt Lëtzebuerg d'Insel Taiwan, déi China als Deel vu sengem Territoire ugesäit, dann och net als onofhängege Staat un. Trotzdeem sinn am Abrëll mat der Liz Braz, der Stéphanie Weydert, dem Ricardo Marques an dem Ben Polidori net manner wéi véier Lëtzebuerger Deputéiert an Taiwan gereest. Et ass net deen éischten Trip vun där Zort, ma e werft awer e puer Froen op, Marc Hoscheid.
26/05/2025 BAND Taiwan-Rees 07h15 (online)
Am meeschte gelies