Ass et wierklech néideg, datt d'Leit zu Lëtzebuerg an Zukunft méi laang schaffe ginn, fir eise Pensiounssystem ofzesécheren? Déi Fro gëtt zanter dem Premier Luc Frieden senger Ried zum Etat de la nation nawell kontrovers diskutéiert. Esou och de Mëtteg an eiser Emissioun Background. Am Studio waren  d'DP-Presidentin an Deputée-Maire Carole Hartmann, de Co-Generalsekretär vun der CSV an Deputéierten Alex Donnersbach, de Co-President vun deene Grénge François Benoy, de Co-President vun de jonke Sozialisten, Max Molitor an den Deputéiert vun déi Lénk, Marc Baum. Wärend d'Vertrieder vun der Majoritéit d'Noutwennegkeet vun Upassungen um System ënnerstrach hunn, huet d'Oppositioun alternativ Proposen op den Dësch geluecht, Marc Hoscheid.

24/05/2025 BAND Resumé Background 18h10 (online)