
Mat deene beschten Universitéiten aus Europa zesummeschaffen.
Dat ass fir d'Uni.lu net ganz nei, mä si gehéiert elo offiziell zum Reseau "The Guild", e Reseau vun de beschte Fuerschungsuniversitéiten an Europa.
Ënnert den 23 Memberen fënnt een zum Beispill de King's College vu London, d'Universitéite vu Louvain, Tübingen, Wien oder och nach Bologna.
An de leschten 3 Joer huet d'Uni Lëtzebuerg mat de Memberen eng 800 Publikatioune gemaach, mä elo ass dat Partenariat offiziell, Dany Rasqué.
27/05/2025 The guild/uniLU 7h15 DR
Am meeschte gelies