E Fall vu sexualiséierter Gewalt un engem Mineur ass d’lescht Woch ëffentlech ginn. Fir Kapprësele suergt fir vill Leit dann, wéi de Verurteelte Pedo-Kriminellen sech selwer an engem Zeitungsartikel vum Luxemburger Wort leschte Freiden duergestallt huet. Domat bleift en op enger Linn, mat deem wat aus dem Urteel ervirgeet: De Verurteelten huet zwar gestanen, gesäit sech awer méi als Affer a weist keng Empathie fir déi wierklech Affer vu sengem Handelen. Et wier keen ongewinnte Verhale vun engem Pedo-Kriminellen, erkläert de Psychiater Marc Graas am RTL-Interview. Diana Hoffmann

28/05/2025 Psychiater iwwer Pedokriminalitéit 7h15 (Online)