Zanter déi islamistesch Hamas Israel de 7. Oktober 2023 ugegraff an dobäi ronn 1.200 Mënschen ëmbruecht huet, ass Krich an der Gaza-Sträif. Dobäi solle méi wéi 50.000 palestinensesch Zivilisten ëm d'Liewe komm sinn. Déi humanitär Situatioun hat sech an deene leschte Wochen nach eng Kéier dramatesch verschlechtert, well keng Hëllefsgidder méi an d'Gaza-Sträif eragelooss goufen. Zanter Kuerzem ass dat awer rëm erlaabt. Fir iwwert déi humanitär Situatioun an der Gaza-Sträif ze schwätzen, ginn et Erklärunge vum Marc Hoscheid aus der Redaktioun.
Engersäits sinn d'Hëllefsorganisatiounen natierlech och frou iwwert all Gidder, déi elo an d'Krisegebitt erakommen, anerersäits schwätze se awer och vun enger Drëps op de waarme Steen. Am Fong géife 500-600 Camione pro Dag gebraucht, aktuell sinn et der ongeféier 100. Ech hunn de Moie mam Paul Heber, dem Responsabele vun der Kommunikatioun bei UNICEF-Lëtzebuerg geschwat. Hie schwätzt vun enger Katastroph, et hätt een eng 116.000 Tonne Liewensmëttel op der Plaz stockéiert, ma et krit een déi awer nëmme ganz lues an d'Gaza-Sträif eran, sou datt d'Gefor vun enger Hongersnout, virun allem bei de Kanner, ganz grouss wier. Wat de Virworf ugeet, datt d'Hamas grouss Deeler vun den Hëllefsliwwerungem um Schwaarzmaart verkeeft, kann de Paul Heber dat net confirméieren. Et wier awer kloer, datt wa Verzweiwlung bei den Honger dobäi kënnt, et méi schwiereg gëtt, d'Liewensmëttel richteg ze verdeelen. Doriwwer eraus misst een awer och un de medezinesche Volet denken.
"Wann een dat awer och mol e bëssi méi am Detail weiderdenkt, muss een och soen, esouguer wa mer lo zum Beispill déi néideg Liewensmëttel erakréien, fir deene Kanner ze hëllefen, dat ass och am medezinesche Beräich, déi elo schonn ënnererniert sinn, da brauche mer net nëmmen normaalt Iessen, mee mir brauche spezifesch Hëllef fir déi Kanner, dat ass eng aner Approche, eng aner Nutritioun. A mir brauchen dat och iwwert 6 bis 8 Wochen, dat heescht wa mer lo just e puer Mol mat e puer Camionen erakommen, da bréngt eis dat näischt."
Mëtt Mee huet dann och déi lescht Klinik an der Gaza-Sträif zougemaach, an där Kriibspatiente behandelt konnte ginn. Mat der Nasser-Klinik zu Chan-Yunis gëtt elo just nach ee Spidol an der Gaza-Sträif, dat funktionéiert.
Rezent hat Israel jo ugekënnegt, datt een dee gréissten Deel vun der Gaza-Sträif ënnert déi eege Kontroll brénge wëllt. Wat bedeit dat da fir d'Aarbecht vun den Hëllefsorganisatiounen?
Op alle Fall näischt Guddes. Aktuell kontrolléiert Israel ronn 40 Prozent vun der Gaza-Sträif, geplangt ass, datt et an 2 Méint 75 Prozent sinn. Fir dat Zil ze areechen, misste vill Leit ëmgesidelt ginn an dat hätt negativ Konsequenzen.
"All Stroum vu Leit, dee fortleeft, dee sech muss op de Wee maachen, well et ze geféierlech ass, dréit natierlech dozou bäi, datt mer net wëssen, wou déi Kanner sinn, deene mer hëllefe mussen. Dat heescht, et mécht alles méi chaotesch, dat mécht et vill vill méi schwéier, fir d'Hëllef un d'Kanner ze kréien. Dat heescht, dat ass sécherlech eppes, wat mer net begréissen, wa Leit aus hiren Haiser flüchte mussen. Dat ass eppes, wat mer scho vun Ufank u vun der Kris gesot hunn, datt dat eigentlech net soll sinn."
Wann Israel seng Pläng ëmsetzt, géing dat bedeiten, datt dono eng zwou Millioune Mënschen op 90 Quadratkilometer liewen.Zum Verglach: Zu Lëtzebuerg wunne knapp 700.000 Leit op ronn 2.500 Quadratkilometer.
Da war et lo nach d'Nouvelle, datt eng nei Fondatioun beim der Liwwerung vun Hëllefsgidder matmëscht. Wéi gëtt dat da vun den Hëllefsorganisatioune bewäert?
Beschtefalls skeptesch bis hin zu ganz negativ. Déi Stëftung heescht "Gaza Humanitarian Foundation", gouf vun den USA gegrënnt an ass an der Schwäiz registréiert. Dat Speziellt ass, datt d'Fondatioun privat Entreprisen domadder beoptraagt, d'Hëllefsgidder op 4 Plazen an der Gaza-Sträif ze bréngen, wou d'Leit se da musse siche goen. Caritas International huet dat Konzept scho kritiséiert a gewarnt, datt eng onofhängeg Aarbecht esou net méiglech wier. De Paul Heber wëllt den Impakt op déi eegen Aarbecht iwwerdeems net iwwerbewäerten.
"Bei der UNICEF si mer gewinnt, alles vun A bis Z selwer ze maachen. Dat ass ee bewäerte Rezept, dat erlaabt eis alles ze kontrolléieren. Dat ass hei dann net anescht. Dat heescht, wat dee parallelle System betrëfft, kann ech mech net dozou äusseren, sief et dann, datt et eis wichteg ass, datt d'Leit verstinn, datt mir op der Plaz sinn, mir maachen eist. Fir eis ass just wichteg, egal wat fir ee System et ass, datt den Honger net abuséiert gëtt als weider Krichswaff."
Et wéisst een nach net genee, wéi déi nei Entitéit schaffe wéilt, dowéinst géing een d'An ophalen. Ma egal wéi, géing een als UNICEF mat där eegener Aarbecht virufueren. Aktuell hätt UNICEF-Lëtzebuerg e puer Dose Mataarbechter op der Plaz, ma déi Zuel kéint och séier klammen, wann den Accès an d'Gaza-Sträif rëm besser gëtt. Dofir bräicht et awer mol fir d'éischt ee Waffestëllstand.