
An der Gemeng Walfer huet de Buergermeeschter sech forcéiert gesinn duerchzegräifen.
Am Millewee zu Helsem ginn 3 Appartementshaiser gebaut, déi einfach net fäerdeg ginn a wou elo déi éischt Leit trotz Chantier era geplënnert sinn.
Anengems gouf d'Gemeng vu Proprietären respektiv zukünftege Locataire kontaktéiert a krut un d'Häerz geluecht sech déi Situatioun emol unzekucken... mam Resultat, datt de Buergermeeschter decidéiert huet, datt keng Leit sech kënnen an deenen dräi Residencen umellen bis de Promoteur alles an d'Rei bruecht huet, Dany Rasqué.
28/05/2025 Problemer Wunnengen Gemeng Walfer fir 7h40 DR
Am meeschte gelies