D'US-Regierung huet elo decidéiert, datt se bis op Weideres keng nei Visae méi fir auslännesch Studenten erausgëtt. Dëst ass och eng Reaktioun op de Sträit mat der Elitteuniversitéit Harvard. Den US-President Donald Trump ass der Meenung, datt zu Harvard, mee och op villen aneren Universitéite lénksradikal Positioune vertruede ginn. Auslännesch Studente ginn elo als potentiell Gefor ugesinn a sollen an Zukunft méi streng kontrolléiert ginn. Fir doriwwer ze schwätzen ass de Marc Hoscheid aus der Redaktioun am Studio. U wat stéisst den Donald Trump sech da genee, datt déi dote Mesure elo geholl gouf?

28/05/2025 Kee Studente-Visa fir d'USA