Lëtzebuerg gëllt als eent vun deene räichste Länner op der Welt. Ma och am räiche Grand-Duché gëtt et Aarmut, méi wéi 18 Prozent vun der Populatioun sinn dem Aarmutsrisiko ausgesat. Aktuell schafft d'Regierung un engem Aktiounsplang, fir de Problem an de Grëff ze kréien. Datt Mesuren néideg sinn, doriwwer ware sech leschte Weekend och eis Invitéen am Background, déi alleguerten am Sozialsecteur schaffen, eens. Den zoustännege Minister gesäit engersäits Handlungsbedarf, verweist anerersäits awer och op Mesuren, déi schonn ëmgesat goufen, Marc Hoscheid.

04/06/2025 BAND Hahn 07h15 (online)