Spéitstens zanter den Donald Trump nees US-President ass, ass d'Situatioun um internationalen Niveau nach eng Kéier méi oniwwersiichtlech ginn, dat esouwuel politesch wéi och ekonomesch. Als Géigeleeschtung fir eng militäresch Ënnerstëtzung vun der Ukrain hunn d'USA zum Beispill een Zougrëff op d'Reserve vu seelenen Äerden, déi et am osteuropäesche Land gëtt, gefuerdert. Och de Sträit ëm Grönland dréint ënnert anerem ëm seelen Äerden. Virun deem Hannergrond huet d'EU d'lescht Joer de "Critical Raw Materials Act" ugeholl, dee virgesäit, datt eng bestëmmte Quantitéit vu strategesch wichtege Rostoffer aus Europa komme soll. An do kéint och eng Minn zu Géisdref eng Roll spillen, Marc Hoscheid.

05/06/2025 BAND Minière Géisdref 07h15 (online)