De staatleche Promoteur SNHBM huet d’lescht Joer mat engem Benefice vu ronn 48.000 Euro ofgeschloss, am Verglach mat enger Perte vu ronn fënnef Milliounen Euro d’Joer virdrun. Och soss weisen d’Zuelen bei der SNHBM no uewen. 2024 huet si 300 nei Wunnunitéiten an de Bau ginn, eng Progressioun vun 30 Prozent am Verglach mam Joer virdrun. 250 Wunnengen goufe fäerdeg gestallt, e Plus vun 56 Prozent am Verglach mat 2023. Mëttelfristeg wëll d’SNHBM awer 400 nei Wunnengen d’Joer bauen. Michèle Sinner
04/06/2025 BAND SNHBM 12H40 INTERNET
Am meeschte gelies