De 14te Juni ass et genee 40 Joer hier, datt de Schengen-Accord ënnerschriwwe gouf. Wat deemools tëscht 5 Länner, Frankräich, Däitschland an de Benelux-Länner, ugefaangen huet, ass séier gewuess an huet de Grondsteen fir den haitege Schengen-Raum geluecht., zu deem antëscht 29 Länner gehéieren.  Fir dëse ronnen Anniversaire ginn den Dag selwer zu Schengen  eng Rëtsch Feierlechkeete organiséiert, zu engem Ament wou Grenzkontrollen direkt virun eiser Nues de Geescht vu Schengen a Fro stellen. Gëschter hunn den Ausseminister Bettel, de Wirtschaftsminister Lex Delles an de Schengener Buergermeeschter Michel Gloden de Programm presentéiert, Céline Eischen.

06/06/2025 BAND Schengen Festivitéiten 7h15 RADIO